Eis Geschicht
Eis Geschicht fänkt mat enger Iwwerzeegung un:
Kanner brauchen Zäit, Raum an Bezéiung, fir sech gesond ze entwéckelen.
Aus dëser Haltung eraus ass d'NaturCrèche mäh-ma-muh entstanen, als Plaz, wou Natur, Déieren a fräit Spill zum Alldag gehéieren an d'Kand am Mëttelpunkt steet.
Iwwer d'Joren ass d'Crèche gewuess, nei Haiser sinn dobäi komm, mee d'Haltung ass déi selwecht bliwwen.
Mir begleeden Kanner an hirem eegene Rhythmus mat Rou, Opmierksamkeet a Respekt. Mir gesinn d'Natur als e wichtege Begleeder am Alldag.
Eis Geschicht schreift sech all Dag nei: an de klenge Momenter, am fräie Spill, an de Bezéiungen, déi entstinn, zesumme mat de Kanner, de Familljen an dem Team.








